LuxID

Är digital Identitéit, vereinfacht - Är Privatsphär a Sécherheet, verstäerkt!

Wat ass LuxID?

LuxID ass eng sécher Login-Léisung, déi eng eenheetlech Erfarung op Lëtzebuerger Websäiten, Plattformen an Online-Applikatioune bitt.

D'Benotzung vun engem eenzege Login fir méi Applikatioune vereinfacht de Login-Prozess fir Benotzer, spuert Zäit a reduzéiert d'Warscheinlechkeet, Passwierder ze vergiessen oder schwaach Passwierder ze hunn.

D'Virdeeler vun der LuxID digital Identitéitsléisung

Verbessert Benotzererfahrung

Dank enger Identitéit an dem Single Sign-On ass et net méi néideg, sech all seng Zougangscoden a Passwierder ze verhaalen.

Benotzer mellen sech eng Kéier un an hunn domadder Zougang op méi Applikatiounen ouni sech ëmmer erëm umellen ze mussen.

Verstäerkte Sécherheet

De Risiko vu Secherheetslücken déi mat Passwierder zesummenhänken, gëtt reduzéiert.

Respektéiere vun der Privatsphär vun de Benotzer

Benotzer kënnen hir perséinlech Donnéeën transparent geréieren an hiren Zougang am Aklang mam der GDPR kontrolléieren.

Dank dem "once-only"-Prinzip brauch de Benotzen nëmmen nach ganz limitéiert Donnéeë widderhuelt aginn an entscheet da wéi eng Informatiounen, wann, mat wiem a wéi laang gedeelt ginn.

Lokal Léisung

Eng Léisung, déi 100% zu Lëtzebuerg an den Datenzentre vu POST Luxembourg gehost ass.

Sécher, einfach a bequeem

Entdeckt eng einfach a sécher Méiglechkeet, unhand vu LuxID op Websäiten an Apps zouzegräifen. Eis benotzerfrëndlech Léisung mécht d'Umeldung op deelhuelende lëtzebuergesche Websäite méi einfach, wärend si Är Sécherheet erhéicht. Registréiert Iech haut nach bei LuxID fir eng méi flësseg a sécher Online-Erfarung ze genéissen.

Eng Initiativ, gedroen vun 4 unerkannte Acteuren zu Lëtzebuerg

POST, Cactus, CFL a RTL hu fir d'Ëmsetzung vun enger neier digitaler Identitéitsléisung , LuxID als ee gemeinsam wirtschaftlech Interessegrupp  gegrënnt. 

D'Zil vu LuxID ass et d’Authentifikatiouns- a digital Identitéitsplattform zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze ginn.

Sidd Dir e Betrib, eng privat oder ëffentlech Institutioun oder Organisatioun a wëllt LuxID benotzen, fir d'Erfarung vun Äre Clienten ze verbesseren?

Äntwerten op Är Froen

D'Inscriptioun a Benotzung vu LuxID si gratis fir Benotzer.

Ab Enn 2023 kënnt Dir LuxID fir verschidden Applikatioune vun der POST, CFL an RTL benotzen.

Jo, LuxID ass esou konzipéiert, dass et op méi wéi engem Gerät funktionéiert, inklusiv Smartphones, Tablets a Computeren. Stellt just sécher dass so Är Zougangsdonnéeë sécher sinn.

Op der Login-Säit, klickt "Passwuert vergiess?" a gitt den Uweisungen no. Ee Link fir d'Zerécksetze gëtt un Är E-Mail-Adress geschéckt.

Mellt Iech mat Ärem LuxID Kont op https://account.luxid.lu un, fir Är perséinlech Informatiounen ze aktualiséieren.

Nee, LuxID verflicht sech Är Privatsphär ze schützen. Är perséinlech Informatioune ginn ni mat Drëtte gedeelt ouni Är ausdrécklech Zoustëmmung.

An esou Fäll, zéckt net eis eng E-Mail op support@luxid.lu ze schécken.